Fréijoorsdaag am Bongert 2017

Am Kader vun den Aktivitéiten « Een Dag an der Natur » invitéieren d’Frënn vum Brennereimüsee op ee Fréijoorsdag am Bongert, an zwar e
Sonndeg den 30. Abréil vun 14 bis 18 Auer
Enn Abréil/Ufank Mee steet d’Natur erem voll am Saaft an et gëtt vill z’entdecken an engem Bongert: Wéi hun d’Uebstbeem op de Schnëtt reagéiert? Wéi ass et mam Ongeziffer un de Beem? Wéi ass et mat der Bléih? Wat kann ech géint Wullmais maachen? Wéi eng Insekten kann ech am Bongert entdecken? Wat geschitt an de Beiekëschten? Wéi eng Villercher halen sech am Bongert op? Wéi gesait et am Insektenhotel aus? Wéi eng Blummen a Wëllkraider fënnt een am Bongert?
Ee flotten Dag fir Jiddereen deen sech fir d’Natur intresséiert. Och d’Kanner si wëllkomm! RDV ass zu Kielen am Ausgang vum Duerf wann een a Richtung Nouspelt fiert. Weider Informatiounen kritt een beim Remy Bintener (Tel.: 661 207 702) oder Joël Adam (Tel.: 621 768 452).