Kielener Brennereifest 10. Dezember 2022 

Dat 18. Brennereifest ass eriwwer an et ass Zäit fir de Bilan ze zéien:

- Mir hunn 15 Joer Brennereismusée zesummen mat den Notorietéiten aus der Gemeng an der Politik gefeiert, encadréiert war dat ganzt mat engem schnëttegen Concert vun der Musek Gemeng Helperknapp.

- Moies ass scho de Kessel gefëllt gi an kuerz no Mëtteg ass den éischten Gin gefloss. De ganzen Dag konnt een dem Brenner iwwert Schëller kucken an eppes Interessantes iwwert d'Brennen gewuer ginn.

- Nom Aperitif an dem Mëttegiessen huet d'Simmer Duerfmusek Chrëschtlidder gespillt an ass als Showband duerch den Haff gezunn.

- De ganzen Dag ass et bei engem gemittlechen Feier Glühwäin ginn. Fir de klengen Honger war gesuergt. Och konnt een op verschidden Stänn nach Cadeauen fir Chrëschtdag kafen.

- De Konschtschmadd Emile Schintgen huet de ganzen Dag um legendäre Lolleschkräiz geschafft.

- Owes huet de Grupp ACUS VACCUM fir mëttelalterlechem Flair am Haff gesuergt

- Bei adventlëscher Stëmmung ass den Dag op en Enn gaange.

D'Frënn vum Brennereismusée soen den Aussteller, den Museken, den Invitéen an de Besicher Merci fir déi angeneem Presenz a mir hoffen si dat nächst Joer erëmzegesinn.

Konscht an d’Konscht vum Brennen stoungen am Mëttelpunkt vum DistiArt zu Kielen de 14. Dezember 2019.

Mat engem flotten Animatiounsprogramm hunn d’Frënn vum Brennerei Musée derfir gesuergt, dass et kengem langweileg ginn ass: Trompes de Chasse St Hubert, Fanfare Kielen an UTLAGAR hu flotte Spektakel gebueden.

An der Brennerei konnt een sech erkläre loossen, wéi eng gutt Williamsbierendrëpp gebrannt gëtt.

Vill intresséiert Läit hu sech op enger Visite guidée de Brennerei Musée weise gelooss.

Reen a Loft konnt een um Site vum Brennerei Musée, engem ale Bauerenhaff aus dem 18. Joerhonnert, op e sëlleche Plazen aus de Féiss ginn an enger Rëtsch Kënschtler hier Kreatioune bewonneren.

Di jonk Designerin Corinne Schleich huet mat hirem Liedergezai an hiren Poschen de Public begeeschtert.

Fir de gudde Maufel an de Patt hunn d’Frënn vum Brennerei Musée gesuergt.

Brennereifest 2021: Flotten Erfolleg fir di 18. Editioun vum Kielener Brennereifest