Kielener Chrëschtmaart 26. & 27. November 2022  

Och dëst Joer participéieren d'Frënn vum Brennereimusse um Kielener Chrëschtmaart den 26. & 27. November

Op eisem Stand fannt dir dee legendären Glühwäin an mir zerwéieren Iech Gromperekichelcher.

Ënnert der Organisatioun vun der Integratiounskommissioun aus der Gemeng Kielen gëtt et vill aner Stänn mat Spezialitéiten, sou wéi een groussen Programm mat Musek, Chrëschtlidder an aner Attraktiounen...

Samedi, 26.11.2022  15:00 - 22:00 Ouverture Marché de Noël

14:00 Auer: Concert vun de Kanner aus der Précoce an der Spillschoul zu Kielen an der Kierch
15:00 Auer: Feierlech Ouverture mat der Musek Keespelt-Meespelt

Dimanche, 27.11.2022  11:00 - 18:00  Ouverture Marché de Noël

11:30 Auer: Fanfare Kielen
Nomëttes: Young People Band Kehlen

Fir Iessen an Drénken ass beschtens gesuergt. Restauration sur place