Mamer Beschfest 2012
Porte ouverte am Brennereimusee op Ouschterméindeg
Generalversammlung 2012
D Generalversammlung mat uschléissendem Filmowend aus dem Raymond FABER senger Filmkëscht wor e grousse Succès. Ronn 120 Leit haten sech afonnt fir folgend interessant Beiträg ze kucken:
- Eng Dampmaschin anno 1907 fir de Brennereimüsee (Une machine à vapeur anno 1907 pour le Musée de la Distillerie)
- Donati-Prëcessioun 2011 (Procession à l’honneur du St. Donati)
- Donati-Kiirmes 2011 (Kermesse St Donati à Kehlen)
- Brennereifest 2011 (Fête de la Distillerie à Kehlen)
Uschléissend wor eng Scheckiwwerreeschung fir e gudden Zweck
D Biller vun der Generalversammlung mat Filmowend 2012
Filmowend 2. März 2012 em 20:00 Auer
Decouverte vun enger Lanz Dampmaschinn als Bestanddeel vun enger Brennerei zu Räichel
Eng al Brennerei konnt erfollegräich zu Räichel aus engem alen Café erausgeholl ginn, Si ass aus dem Grond aussergewéinlech well se vun enger aler Lanz Dampmaschinn ugedriwwen ginn ass. De Café Traufler ass 1858 gebaut ginn a gëtt elo ofgerappt. Am Café ass ëmmer eng gutt Äppeldrëpp gebrannt ginn.
Bei dëser Lanz Dampmaschinn, déi ongeféier 5 Tonne weit, handelt et sech ëm eng Maschinn déi géingt 1907-10 gebaut ginn ass. Si huet absoluten Seelenheetswäert hei zu Lëtzebuerg a gëtt elo zu Kielen am Brennereimusee opgebaut.
Serge Tonnar a LegoTrip um BopeBistro Tour den 16ten Maerz beim Carmen
D’Brennereifest 2011 war e “Grand Premier Cru”
Leschte Saameschdeg haten d’Frënn vum Brennereimüsee op di 8. Editioun vun hierem Brennereifest mat Maart vu lokale Produkter invitéiert. Ganz vill Lait hun sech den Dag iwwer afonnt fir den zwéi Brenner Félix Eischen a Robert Adam bei der Aarbecht nozekuken.
De Kanneratelier an der Scheier mam Artiste Michel Fourny war absolut gelongen. Fir di Hongreg an di Duuschtereg gouf et vun allem. D’Demonstratiounen vun den Nouspelter Leemtriwweler an dem Kounschschmatt hun d’Lait beggechtert. D’Kielener Musék an de Michel Winter hu fir di musékalesch Animatioun gesuergt. D’Hausmaacher Judd, Zoossiss, Paté. Jelli asw hun sech verkaft wéi waarem Mëtschen.
Géint der Owend haten di meechten Stänn ausverkaft an hun hier Diere musse fréizaiteg zoumaachen. RDV fir di 9. Editioun as de 15. Dezember 2012.

Text: Joel Adam; Fotoën: Raymond Faber.
Photoarchiv Frenn vum Brennereimusee













