Springfield-Festival

D'Frënn vum Brennereimusée hunn de 24. Mee 2025 beim éischte Springfield-Festival zu Ollem "op der Wiss" matgemaach. Si hunn de Gedrénks-Stand assuréiert an dofir gesuergt, datt keen huet missten duschtereg sangen oder matdanzen.  


Meekranz 2025

Um Virowend vum 1. Mee hunn d'Frënn vum Brennereimusée de Meekranz gebonnen. Grouss a Kleng hu bei dëser Aktivitéit matgehollef. Et goufen och Meekränz um Schéimerecher Kierfecht niddergeluegt am Undenken un di verstuewe Memberen.


Porte Ouverte op Ouschterméindeg

 

  • Op Ouschterméindeg mécht de Brennereimusée seng Dieren rëm op, vun 10-17 Auer.
    Dir sidd häerzlech wëllkomm!


  • Le Musée de la Distillerie ouvre ses portes lundi de Pâques de 10 à 17 heures.
    Passez pour une visite!

  • The museum of distillery is open on Easter Monday from 10 am to 5 pm.
    Come along for a visit!