Kultur a Konschtfestival Kielen 2026
D'Frënn vum Brennereimusée maachen wéi all di aner Joren bei der EDITION 2026 vum KUKI mat.
Bei eis gëtt eng grouss Auswiel u Gedrénks. Dodernieft bidde mer eis selwergemaachten Eisekuchen mat Zocker, Schmant oder Äerdbier un. Um Site vun der Brennerei stellen och en etlech Kënschtler aus.
De Brennereimusée ass op an an der Brennerei ginn e puer ganz besonnesch Saachen ugebueden.
Springfield-Festival 2026
D'Frënn vum Brennereimusée sinn och dëst Joer de 16.Mee 2026 bei der zweeter Editioun vum Springfield-Festival zu Ollem dobäi. Mir assuréieren de Gedrénks-Stand a suergen dofir, datt keen Duuscht leide muss.
Komm op e Patt laanscht. Mir freeën eis.