De Brennerei-Musée ass am Joer 2007 opgaangen, zum 100. Gebuertsdag vun der Brennerei ADAM. En ass eng Initiative vum Robert a Suzy Adam an ënnerbruecht op verschiddene Plazen vun hierem Haff, souwéi an der “aaler Brennerei”. D’Iddi war et, Material aus deene ville Brennereien aus dem Land, déi zougemacht goufen, ze sammelen, fir datt dëst Stéck Geschicht net verluer geet. Mëttlerweil fënnt een am Musée awer och Material vun aaneren aale Beruffer, déi direkt oder indirekt mam Brenner-Beruff ze dinn haaten. Ausserdeem gëtt et och Ausstellungsstécker zum Land-Liewen vu fréier.
Kuckt iech HEI eng Billergallerie vum Musée un! A wann dir dann op de Goût komm sidd, da kommt a macht eng Visite op der Plaz. Dir fannt de Musée zu Kielen, op der Nummer 13 an der Ollmer-Strooss. Op ass vun Ouschterméindeg bis den hallwen Dezember all Freideg vu 14.00 – 18.00 Auer, oder awer op Rendez-vous (brennerei@hotmail.com). Selbstverständlech schléisst d’Visite vum Musée mat engem Oofstiecher an déi nei Brennerei, wou dir dann och déi vill verschidden Drëppen a Likören aus dem Caroline Adam senger Produktioun schmaache kënnt.