
Archiv des Autors: Nicole Knoch
Krautwëschdag 2021
Och dëst Joer hu mir op Maria-Himmelfahrt de Wësch gebonnen. Et war déi éischt Aktivitéit säit 1 Joer. Sou wéi ëmmer, hu mir d’Kraider, d’Feldfriichten an d’Geméis zesummegestréckt. Des Wësch goufen dunn an der Mass zu Kielen an der Kierch geseent an duerno un déi Leit verdeelt, déi ee bestallt haaten.
Klickt op d’Foto fir d’Gallerie opzemachen!
Krautwëschdag 2020
Och dëst Joer hu mir äis et, trotz Corona, net huele gelooss de Wësch ze bannen. Am méi klenge Grupp a mat alle Sëcherheetsmoossnahmen goufen d’Kräider, d’Geméis an d’Feldfriichten zum Wësch gebonnen, fir duerno an der Mass geseent ze ginn a mat heem ze huelen.
Klickt op d’Foto fir d’Gallerie opzemachen!
Donati-Kiermes 2020 oofgesoot
Leider fällt d’Donati-Kiermes vun dësem Joer dem Corona-Virus zum Affer. Mir soë se schwéieren Härzens of, awer mir freeën äis elo schon op eng nei Editioun 2021!
Uebstbamschnëttcours zu Huelmes zesumme mat “Natur & Emwelt Téinten”
De 7. Mäerz 2020 war den traditionellen Fréijorsdag am Bongert, dest Joer am Bongert vun “Natur & Emwelt Téinten” zu Huelmes. De Joël Adam an de Remy Bintener hunn hiert Wëssen betreffend de richtege Schnëtt vun Uebstbeem, d’Praffe vu Beem a vill aaneres dem ganz intresséierte Publikum weiderginn
Klickt op d’Foto fir d’Foto-Gallerie opzemachen!
Scheckiwwerreechung

Bei Geleenheet vun eiser Generalversammlung hu mir e Scheck vun 2.000 € un d’Vereenegung “Hoffnung fir d’Kanner vun Tschernobyl” weiderginn. Dest ass den Erléis vun der Tombola um traditionelle Brennereifest, dat all Joer en Héichpunkt vun eisen Aktivitéiten duerstellt. D’Mme Jeanne Hilgert, déi de Scheck entgéintgeholl huet, huet am Numm vun der Vereenegnung e grousse Merci gesoot fir des Ënnerstëtzung.
Filmowend “75 Joer Ardennenoffensive”
Brennereifest “DistiArt” (14.12.2019)
KLICKT op d’FOTO fir méi Fotoen ze gesinn!
De 14. Dezember 2019 war eist traditionellt Brennereifest an der Brennerei. Niewt villen musikaleschen Animatiounen konnt een deen Dag och beim Brennen nokucken an déi eng oder aaner gutt Drëps schmachen. Sou wéi ëmmer, hunn och eng ganz Reih Kënschtler ausgestallt a verkaaft, sou, datt ee sech nach mat Kadoën fir d’Feierdeeg andecke konnt. De Comité, zesumme mat ville Frënn, hunn dofir gesuergt, datt keen hongereg an duuschtereg bliwwen ass.
Krautwëschdag 2019
Wéi all Joer hu mir de 15. August de Wësch gebonnen, deen dann an der Kierch geseent gouf an un d’Leit ausgedeelt gouf. Des al Traditioun gëtt all Joer op Maria-Himmelfahrt gefeiert. Kraider, Feld- a Gaardefriichte ginn zu engem Strauch gebonnen an nodeems e geseent ass, doheem am Haus opgehaangen, fir esou dem Härgott säi Seege mat heem ze huelen.
KLICKT op d’FOTO fir méi Fotoen ze gesinn!
De Brennerei-Musée am Lëtzebuerger Wort a bei RTL.lu
Den 2. August 2019 war et ganz flotten Artikel iwwer de Brennereimusée am Lëtzebuerger Wort an och op www.wort.lu!
https://www.wort.lu/de/lokales/auf-den-spuren-des-schnapses-5d3af95cda2cc1784e3489f4
Klickt op d’Bild vum Artikel fir d’Säit ze liesen!



